top of page

Froëkatalog zur Réouverture vun de SEA/Maison Relais’en

 

1. D ‘Kantinne sinn zou, an Restaurant an eisen Haiser och ?

  • Jo:  vu weem kréien d’Kanner Iessen?

Wéi gëtt dat mat de spezielle Menüen (Intoleranzen, Sans porc, Allergien…) gehandhaabt? Grad och bei eventuellen neie Kanner?

  • Nee: ginn do extra Mesure geholl?

Wéi ass et do mam Open Space? An och mam zouene System? Wéi kann do d ‘Distanz beim Iessen (dono och Léieren) garantéiert ginn?

 

2. 2m Ofstand: wéi handhabe mir dat an der SEA/MR?

  •  Bei Spiller, Spillsaachen: déi kommen a Kontakt mat all de Kanner, do kann och emol drop gehouscht ginn, wann de Mask net (richteg) um Gesiicht ass

  • Aktivitéiten, Iessen, Léieren

  • Ginn d ‘Spillplazen erëm op? Wa jo, däerfe mir dohinn? Wéi hale mer et do mat der Distanz? Masken?

  • Wat maachen Haiser, déi kee Gaart hunn, keng Spillplaz?

  • Gëtt et eng maximal Kannerunzuel pro Räum?

 

3. D’Kanner, wou een Elterendeel net schafft (duerch Chômage, congé maternité/parental/Dispenz) sollen doheem bleiwen fir d’Unzuel an der MR sou kleng wéi méiglech ze halen?

 

4. Bei Krankheet:

  • Wann e Kand liicht Symptomer weist, moosse mer direkt d’Féiwer?

  • Wann e Verdacht besteet resp. souguer de Virus confirméiert ass: wéi geet et weider? Am Haus? Gi mer all getest (Personal a Kanner)? Gët d’Haus a Quarantän gesat?

  • Vue dass d’Kanner seele Symptomer weisen: déi selwechte Froen bei Verdacht resp. Bestätegung vum Virus vun engem Elterendeel

  • Däerfe mir e Kand wat Symptomer (resp. e Kand vun Elteren mat Symptomer) esou laang refüséieren bis mer en negativen Test virleien hunn? (leider ginn et schonn am Normalen Fäll, wou Kanner e Stëppche/Sirop géint d’Féiwer kréien an dann awer an d’SEA/MR/Crèche bruet ginn)

 

5. Schoulwee:

=> a verschidden Haiser komme Kanner aus verschiddene Schoulen zesummen, déi jo dann erëm gemëscht ginn: Wéi handhabe mir dat?

=> d’Kanner sollen 2m Ofstand halen, d’Personal och: onméiglech an esou enger laanger Rei d’Opsiicht an d’Sécherheet ze garantéieren beim reell disponibele Personal

 

6. Haiser, déi den Accueil normalerweis zesumme man: Wéi geet dat elo?

 

7. Masken: Am Klassesall net obligatoresch, bei eis?

  • De Port ass anscheinend obligatoresch ab 6 Joer, mee déi méi kleng kënnen de Virus awer och iwwerdroen

 

8. Kanner, déi die Woch net an der Schoul sinn:

  • Kënnen d’Kanner doheem bleiwen (dee Moment missten d’Elteren kënne weiderhi vum Congé familial profitéieren)?

  • Wa si an d’SEA/MR komme mussen: da muss eist Personal den Homeschooling iwwerhuelen, dëst mat x Kanner aus x verschiddene Klassen. Dobäi op d’Distanz, d’Hygiènemoossnamen oppassen an déi Kanner, déi fäerdeg sinn mat schaffen ënnert de selwechte Kritère beschäftegt kréien.

 

9. Schoulpersonal:

  • Gi si mat abezunn no 13 Auer?

  • Ka vun de Klassesäll an Turnsäll profitéiert ginn? Wa jo: sëtzen d’Kanner dann eventuell de ganzen Dag an enger Bänk?

 

10. Wéi gëtt de Schoultransport organiséiert?

 

11. Elteren :

  • Kënne mir hinne soen, sie sollen dobaussen op hier (méi grouss) Kanner waarden ? (manner Vermëschen)

  • wéi ass et mat klenge Kanner? Kommen d’Elteren mat hinnen eran? Wa jo, jüst zu max. 1-2-3 beieneen? 

  • Wéi gi si iwwert déi verschidde Mesuren an de Strukturen informéiert? Offizielle Schreiwes vum Ministère? A Wat si Konsequenzen beim Net-Anhalen vun de Mesuren?

  • Kënne mir vun den Elteren verlaangen, d’Kanner direkt sichen ze kommen, also sou dass mir absolut flexibel sinn mat eisen Ofhuelzäiten?

 

12. Kann den Open Space weider funktionéieren?

  • Problem mat de Säll, ee mat villen Dëscher a Still, déi aner mat bal kengen

  • D’Kanner gi jo dann nach méi gemëscht

 

13. Wéini kréien d’Haiser Bescheed gesot, wéi d’Gruppen an de Schoulen opgedeelt sinn?

(verschidde Schoule sinn elo schonn am Gaang an d’Eltere wësse scho Bescheed, ob hiert d’Kand de 25.5. dobäi ass)

 

14. Päischtvakanz: schaffe mir zesummen oder getrennt? (fir déi Gemengen, déi e puer Haiser zesummendinn am Normalfall)

 

15. Wa mir nach sollen nei Kanner ophuelen:

  • Eis Haiser si voll besat, wéi kann dat goen?

  • Wéi komme mir do un d’Donneeën vu de Kanner?

 

16. Entretienspersonal :

  • Gi si eng Woch éischter fir alles am Fong ze botzen ?

  • Wéi ass et mat de Commanden?

 

17. Vulnérabelt Personal:

  • fält ewech ? Däerfen net schaffe kommen ? Dat gëtt e weideren Engpass a verschiddenen Haiser

 

18. Crèchen/kleng Kanner:

  •  hei hunn d’Kanner verschidden Horairen, wéi gëtt dat gehandhaabt?

  • Ginn Agewinnungsphasen awer gemaach?

  • Masken beim Personal: déi kleng Butze fäerte jo, erkennen een net

  • Wéi Ofstand halen beim Pampers wiesselen, tréischten, fidderen…? Si brauchen och de Kierperkontakt

  • Sieste: dat ass jo net méiglech mat Mask. A wéivill Kanner beieneen op wéivill m2?

  • Déi ganz Kleng kënne eventuell Symptomer net erklären, also nach méi schwiereg, Virusträger erauszefilteren

 

19. Dierfen d’Erzéier a verschiddene Gruppe schaffen?

  • Open Space

  • Haiser mat verschidden Altersgruppen (Crèche plus Schoulalter)

  • Wann net: da geet de Personalschlëssel definitiv net op (Bsp. Ouverture, Fermeture)

 

20. D’Masken de ganzen Dag unhunn bedeit gesondheetlech Risiken, fir d’Kanner a fir d’Personal. All 4 Stonnen wiesselen ?

-->Weider Froen kënnen hei gestallt ginn. Konstruktiv Léisungsvirschléi sinn och wëllkomm.
 

In einem Meeting

Kontaktéiert eis:

info@apsa.lu

bottom of page